Page 30 - testmergebrochureV0604
P. 30

Finanziell ass jo ganz bescheidenen ugefaange ginn, an dach gesäit
            een datt du Leideleng an der Musek immens vill geschaft ginn ass fir
            datt een senger Passioun konnt nokommen.




            An dëst ass schonns direkt no der Grënnung ugaangen wou een sech
            Eirememberen zougeluegt huet déi 1903 schons vill Geld an d' Keess
            bruecht hunn. Eng wichteg Quell war an ass   nach ëmmer den
            Hämmelsmarch,   eng   Traditioun   déi   zu   Leideleng   emmer   héich
            gehale ginn ass. Et ass sech iwwerluegt ginn  wat fir Weeër een nach
            kéint goen, a séier ass décidéiert ginn eng Theatersektioun an d'
            Liewen ze rufen, déi fir Ouschteren, Chrëschtdag an och bei der
            Kirmes  hier Optrëtter hat, an e gudde Baz Geld an d'Keess bruecht
            huet. Theater ass iwwer Joren opgeféiert ginn,  am Ufank ass sech
            hei och mat einfache Mëttele gehollef ginn an sou ass bei Tillen um
            Giewel ( haut Ad. Wester) eng kleng hëlze Bud opgeriicht ginn an där
            d'Virstellunge konnten, wuertwirtlech, iwwert d'Bühn goen.



            Als Stécker am Theater ass vun alles ass gespillt ginn, wat zu engem
            groussen Erfolleg beim Publikum bai gedroen huet. No etleche Joren
            konnten  d'Theateropféiereungen dann am eegene Musekssall oder
            am   Café   Arendt   ofgehaale   ginn.   Besonnesch   Verdengschter   um
            Theaterwirken   hunn   awer   secherlech   den   deemolege
            Schoulmeeschter  Jean  Engler  deen  ab  1946  mat  deem  néidege
            pädagogesche Geschéck als Regisseur , den Akteuren dat néidegt
            Kënne baibruecht huet. Regie geféiert huet en etlech Joren och de
            Roger Herman. An der Broschür vun 1993 kann een d'Stécker fannen
            déi opgeféiert gi sinn.



            No an no hunn dunn och aner Verëiner aus dem Duerf sech dem
            Theaterspillen   ugeholl   an   et   kann   e   soen   datt   Theater   e   feste
            Bestanddeel vum kulturelle Liewen  vu Leideleng ginn ass.
   25   26   27   28   29   30   31   32   33   34   35