Page 12 - testmergebrochureV0704_2
P. 12
D’Leidelenger Musek ass bei allen offizielle Feiere vun der Gemeng
mat dobäi. Hir schéi Concerten droen dozou bäi, dass dat kulturellt
Liewen an der Uertschaft oplieft an no bausse gedroe gëtt.
D’Leidelenger Musek bréngt och am Kontext vun hiren Aktivitéite
Leit zesummen - een Aspekt, dee ganz wichteg ass fir dat
gesellschaftlecht Liewen an eiser Gemeng.
D’Leidelenger Musek ass ee Veräin mat ville Memberen, engem
Jugendensembel, de “Crescendi”, an engem engagéierte Comité. Ech
si frou iwwert hiren Asaz am Déngscht vun der Musek an am
Interessi vun eiser Uertschaft.
Als Buergermeeschtesch vu Leideleng felicitéieren ech der
Leidelenger Musek fir hiren 125. Gebuertsdag an hoffen, dass nach
vill Jore voller Musek dobäi wäerte kommen.
Diane BISENIUS-FEIPEL
Buergermeeschtesch