Page 13 - testmergebrochureV0704_2
P. 13
Musek ass...
Diane Feipel
Musek dréckt dat aus, wat Wierder net soe kënnen - mee wéi steet
et mat de Gedanken, déi mir eis ouni Musek ni gemaach hätten?
Woura leit d’Bedeitung vun der Musek fir eis Mënschen? Wat ass hir
Bedeitung fir eis Gesellschaft?
Eng Welt ouni Musek wier haut kaum virstellbar. Musek ass net
nëmmen eng Form vun der Konscht, Musek ass och eise Begleeder
am deegleche Liewe ginn.
Musek brauch awer Leit, fir dass se liewe kann. Musek muss
komponéiert an arrangéiert ginn. Musek brauch Nolauschterer,
geneesou wei Museker, déi d’Noute spillen. Alleguer des Leit
zesumme maachen déi Gesellschaft aus, an der mir liewen.
D’Leidelenger Musek, déi elo hir 125 Joer feiert, ass ee wichtege
Pilier souwuel am kulturelle wéi och am gesellschaftleche Liewe vu
Leideleng.