Page 16 - testmergebrochureV0704_2
P. 16
Iwwert all déi laang Jore waren d'Musikanten awer ëmmer gutt
encadréiert, vun hire Comitéen, a vun hiren Dirigenten a Sous-
Cheffen. No etlech Joren ass och Theater spillen dobäi komm, wat
leider momentan e bëssen ze kuerz kënnt awer sécherlech nees
emol opbléie wäert.
Haut, zielt d‘Leidelenger Musek 95 Memberen, dovunner sinn 58
Museker ganz aktiv hannert dem Pult vum «groussen Orchester».
Ëm de Nowuess ass et ganz gutt gestallt, well an der Jugendmusek,
de «Leidelenger Crescendi», sinn net manner wéi 35 aktiv jonk
Museker mat Begeeschterung bei der Saach. Net vergiesse sollte
mer awer och ons Strëpp, d' «Leidelenger Musikussen», déi op ville
Fester uechter d'Land fir eng flott Stëmmung suergen.
Mir zielen an eise Reien um Pult esou guer verschidde Kandskanner
vun den urspréngleche Fondateuren, en Zeeche vu Kontinuitéit am
Veräin.
Natierlech gi bei sou groussen a wichtege Fester vill Frënn ageluede
fir mat eis ze feieren. Dofir huet den Organisatiounscomité vun den
125 Joer Leidelenger Musek e flotten an ofwiesslungsräiche
Programm zesumme gesat.
Loosse mer feieren, onst Glas hiewen an ustoussen op Grënner vu
dësem Veräin, un déi vergaange Joren, awer och op d'Zukunft vun
der Leidelenger Musek, e Garant fir Spaass un der Musek a sozial
Engagement an eiser Gesellschaft.
Gérard Louis, President vun der Leidelenger Musek