Page 93 - testmergebrochureV0704_2
P. 93

Ganz   kloer   ass   dëst   d'Fërderung   vun   der   Museksgesellschaft
            souwuel op finanzieller, materieller a moralescher Basis.  Fir dëst
            awer an Ofsprooch mat der Leidelenger Musek ze maachen, fir
            festzestellen wou ee Support am néidegste gebraucht gëtt, ass an de
            Sëtzunge vum Supporterclub, de President oder e Vertrieder vun der
            Musek mat dobäi, deen eng reng consultativ Stëmm huet.

            De Kader definéiert  konnt direkt mat der Aarbecht ugefaange ginn,
            an sou konnten, duerch déi gutt Connectiounen déi de Rob Roemen
            hat, mol direkt eng Rei Sortien uechtert d'Land fir d' Leidelenger
            Musek organiséiert ginn. D'Musek huet dunn op där Plaz e Concert
            gespillt an de SupporterClub huet d'Käschte fir den Transport mam
            Bus a meeschtens och nach fir d'Iessen iwwerholl.


            Fir der nëmmen e puer ze nennen; Kiischpelt, Bauschelt, Klierf,
            Useldeng, Iechternach an de Préizerdaul waren där Evenementer.
            2017   ass   no   deem   traditionelle   Concert   vun   der   Musek   zu
            Meechtem, zu Stadbriedemes an der Ecluse e Mëttegiessen vum
            Supporterclub offréiert ginn.


            Awer och musikalesch Ausflich zu internationalen Eventer stinn um
            Programm, wéi z.b. op Tréier bei de Musical Evita oder hei an der
            Stad bei d'West Side Story.


            Iwwert   déi   gutt     Connectioune   konnte   Sponsore   fonnt   ginn   fir
            Instrumenter ganz oder deelweis ze stëften.

            2005: Ee Saxophon Tenor
            2006: Ee Klackespill
            2007: Ee Piccolo an eng Klarinette
            2008: Eng Klarinette an eng Beliichtung fir d'Pulter
            2010: Ee Saxophone
            2014: Ee Marimba an eng véiert Pauk ( Timbale)
            2018: Ee Susaphon
   88   89   90   91   92   93   94   95   96   97   98