Page 98 - testmergebrochureV0704_2
P. 98

Message vum Organisatiouns Comité




            Mir wëllen all deene Memberen a Frënn vun der Leidelenger Musek
            gedenken, déi eis leider schonns verlooss hunn, deenen déi de
            Grondsteen vum Veräin geluecht hunn, an all deenen déi iwwert all
            déi vill Joren de Veräin um Liewe gehalen hunn.

            E grousse Merci un all déi, déi Joer fir Joer, Dag fir Dag, am Asaz vun
            der   Leidelenger   Musek   sinn,   an   domatten   eiser   Jugend   an   der
            lëtzebuerger Kultur e groussen Déngscht erweisen. Ouni des Leit
            kennte mir haut net zesumm sinn a Gebuertsdag feieren.

            Mir kucken awer och no vir a soen all deene Merci, déi haut a muer,
            an och an de nächste Joren mat neien Iddien an neiem Elan der
            Leidelenger Musek hiere Stellewäert an eiser Uertschaft sécheren.

            Als   President   vun   der   Organisatioun   wëll   ech   e   grousse   Merci
            ausdrécken un de Ministére de la Culture, d'Gemeng Leideleng,
            d'UGDA, dem SupporterClub, eies Sponsoren, eise Musikanten an all
            Memberen   a   Frënn   vun   der   Leidelenger   Musek   fir   hier
            Ennerstëtzung bei onsem 125. Gebuertsdag.
   93   94   95   96   97   98   99   100   101   102   103