Page 94 - testmergebrochureV0704_2
P. 94

Zousätzlech konnten an de Joren 2008 Poloen fir Musikussen an am
            Joer 2016 Poloen a Gileten fir d'Musek vum Supporterclub gestëft
            ginn. Dëst ass eng Opstellung déi sech weise léist.
            Wou  kritt   de   Supporterclub  dann   d'Suen   hier   ausser   iwwert   d'
            Sponsoren an d'Done vu verschiddene Gënner. Ma all Joer ass de
            Supporterclub   an   der   Verantwortung   fir   2   zu   Leideleng   bescht
            bekannte Manifestatiounen.






























            De „Schwäizer  Owend“  am Januar an de „Lëtzebuerger Owend „um
            Virowend vum Nationalfeierdag si vum Supporter Club organiséiert
            Manifestatiounen wou de Publikum souwuel kulinaresch wéi och
            musikalesch verwinnt gëtt.

            Leider huet eis am Dezember 2012 de Rob Roemen fir ëmmer
            verlooss, awer seng Initiativ lieft weider. Sai Nofolger als President,
            ass am Joer 2013 den   Armand Hilger ginn, e Member aus dem
            Comité, dee vun Ufank un dobäi war, a weess wou de Schong dréckt.
   89   90   91   92   93   94   95   96   97   98   99