Page 10 - Brochure_finale_170418_V1
P. 10

A   fir   di   kommend   Generatioune   ass   gutt   virgesuergt   well
            d’Jugendaarbecht bei der Leidelenger Musek een zentral Thema ass.
            Mat der generéiser Ënnerstëtzung vun der Gemeng souwuel am
            alldeegleche Fonctionnement vun der Musek, wéi awer virun allem
            duerch   d’Organisatioun   vun   lokalen   Musekscoursen   an
            Zesummenaarbecht   mat   der   UGDA   Museksschoul,   war   et   der
            Leidelenger Musek méiglech de Jugendensembel „Crescendi“ zënter
            2015 nieft deenen „Groussen“ optrieden ze loossen. Dir sidd also
            gutt fir d’Zukunft opgestallt!


            Musek ass net nëmmen ee flotten Fräizäitvedreif, mee dréit dozou
            bäi datt Kanner hir sozial a kreativ Kompetenzen mi systematesch
            entwécklen a verbesseren. Eng sëlleche Studien beleeën datt an
            hunn dozou gefouert datt a ville Länner ëmmer mi fréi mat dem
            „éveil musical“ ugefaange gëtt. Wann een da bis eng Kéier fest
            verwuerzelt ass an der Musekswelt, da kann een dësen Hobby bis an
            den héijen Alter ouni gréisser Aschränkung ausüben. Aal a jonk
            niefteneen zesummen harmonesch mat engem gemeinsamen Ziel:
            sech selwer an deenen di nolauschteren eng Freed ze maachen!
            Dofir nach emol MERCI der Leidelenger Musek a nach vill Joren
            derbäi   mat   deenen   néidegen   motivéierten   an   engagéierten
            MusikerInnen!


                                                Martine Deprez
                                                      Ugda-Presidentin

            « Ohne Musik wäre das Leben ein Irrtum »
            von Friedrich Nietzsche

















                                          8
   5   6   7   8   9   10   11   12   13   14   15