Page 8 - Brochure_finale_170418_V1
P. 8

Dat, wat all déi Leit, déi sech an der Leidelenger Musek engagéieren,
            verbënnt, ass d’Freed un der Musek. Eréischt wann et Freed mécht,
            kann ee seng Begeeschterung un de Publikum weidervermëttelen.

            Wéi schéin ass et dach ze gesinn, wann an enger Musek d’Leit
            zesummekommen. Jonker a manner Jonker, déi hiert Bescht ginn, fir
            aus   deenen   doudege   Punkten   a   Strécher   um   Nouteblat   eppes
            Lieweges ze schafen an domat och Gefiller ze vermëttelen.

            D’Leidelenger Musek feiert dësen 125. Gebuertsdag mat engem
            villsäitegen a faarwege Programm. Sou huet se sech zum Beispill
            vum talentéierte jonke Komponist Ivan Boumans eng Kompositioun
            op d’Mooss schreiwe gelooss, ee ganz perséinlecht Wierk mam Titel
            The Spirit of “A JACQUEN”. Dat ass den Hausnumm vum deemolege
            Café   Nicolas   Biver,   wou   1893   d’Leidelenger   Musek   als   Fanfare
            gegrënnt gouf. Den Ivan Boumans huet sech un der Geschicht vun
            der   Leidelenger   Musek   inspiréiert   an   huet   déi   wichteg   Etappe
            musikalesch beschriwwen. Dës Iddi huet eis esou begeeschtert, datt
            mir direkt bereet waren, dës Kompositioun ze finanzéieren. Et ass ze
            begréissen, wann esou e Veräin ewéi d’Leidelenger Musek zu der
            Lëtzebuerger Kreatioun bäidréit. Esou ginn nei Wierker mat engem
            bleiwende Wäert geschaf.


            Mir   soen   deene   Responsabele   vun   der   Musek   a   vum
            Organisatiounscomité   an   natierlech   de   Musikantinnen   a
            Musikanten, mat hirem Chef Jean-Marie Grimler, een häerzleche
            Merci fir hiren Asaz.

            Alles Guddes fir de ronne Gebuertsdag a vill Erfolleg fir d’Zukunft.



                    Guy Arendt                         Xavier Bettel
                   Kulturstaatssekretär                       Premierminister
                                                       Kulturminister







                                          6
   3   4   5   6   7   8   9   10   11   12   13