Page 9 - Brochure_finale_170418_V1
P. 9
D'Leidelenger Musek huet
Gebuertsdag a mir gratuléieren!
Martine Deprez
Am Numm vun allen Musek-,Gesang-,Theater-,Folklor-an
Danzgruppen wënschen mir all Guddes fir di nächst Joren a soen
jidderengem Merci deen dozou bäigedroen huet datt dëse
Gebuertsdag een Evenement ginn ass wat an der Erënnerung hänke
wäert bleiwen!
Iwwer d’Saison 2017/18 huet den Organisatiounscomité ee flotte
Festprogramm op d’Been gestallt wou fir all Goût eppes derbäi war.
Als Federatioun si mer besonnesch frou doriwwer mat der
Leidelenger Musek konnten een Dag fir di Jonk z’organiséieren
ënner der Form vun eiser traditioneller „Journée des jeunes“, di am
Kader vum Anniversaire dann „Festival Crescendi“ gedeeft gouf.
Dës Brochure soll eng bleiwend Erënnerung sinn un all di
memorabel Momenter vun dësem gutt gefëllten Aktivitéitsjor fir
datt di Generatiounen di nokommen dovunner ziere kennen a
gesinn wat een zesummen alles kann opriichten!
7