Page 7 - Brochure_finale_170418_V1
P. 7
Et läit am Wiese vun der Musek,
Freed ze maachen.
Aristoteles
Xavier Bettel Guy Arendt
125 Joer. Dat ass e Grond fir ze feieren. An och no 125 Joer huet
d‘Leidelenger Musek näischt un hirer Dynamik verluer, dat beweist
dee flotten an ofwiesslungsräiche Programm, deen si fir dëst Joer op
d’Bee gestallt huet. Schonn zënter Jore bréngt d’Leidelenger Musek
et fäerdeg, fir hir Musikantinnen a Musikante mat engem
interessante Programm ze motivéieren an ze begeeschteren.
Nieft der Haaptformatioun gouf déi méi kleng a flexibel Formatioun
d’Musikussen gegrënnt. Mir wëllen awer och déi Leidelenger
Crescendi ervirhiewen, de Kanner-a Jugendensembel vun der
Musek, déi viru ronn dräi Joer gegrënnt gi sinn an déi e wichtege
Schrëtt an der Ausbildung vum Nowuess vun engem Museksveräin
duerstellt. Et ass wichteg, d’Kanner an déi Jonk scho ganz fréi
zesummenzebréngen an d’Freed un der Musek ze entwéckelen.
5