Page 33 - Brochure_finale_170418_V1
P. 33
Am Ufank stoung eng Iddi...
Geschicht vun der Leidelenger Musek
1893- 2018
... an der Iddie sinn et der 1893 e ganze Koup op der Welt
doruechter ginn déi Succès haten. Fir der nëmmen e puer ze
nennen; den Dieselmotor ass gelaf, zu New York ass e
Geschwindegkeetsrekord mat 181 kmh vun enger Lokomotiv
opgestallt ginn an, déi dräi éischt Bänn vum Karl May sengem
Winnetou sinn eraus komm, a musikalesch gekuckt ass de
Münchener Philharmoneschen Orchester gegrënnt ginn.
Ons interesséiert awer eng aner Iddi, déi eppes an deem deemools
klengen Duerf Leideleng entstoe gelooss huet. Et ass d'Grënnung
vun der Leidelenger Musek, engem Veräin deem seng 125 Joer mir
feieren. Loosse mer awer e puer Joer zréck goen an der Geschicht,
well d'Grënnung vun dësem Veräi war nëmme méiglech well deen
néidege Kader bestanen huet. An dësem Fall war dat ganz kloer eng
Gemeng, een Duerf. Ouni Duerf gëtt et nämlech keng Duerfmusek.
Wéi dunn am Joer 1856 d'Gemeng Leideleng, lassgeléist vun der
Gemeng Riedgen, entstanen ass war de Kader geschaf fir d'Entstoe
vun alle méigleche lokalen Associatiounen. An dach huet et net
manner wéi 37 Joer gedauert bis d'Iddi stoung fir eng Musek ze
grënnen, an des Initiativ ass net emol direkt vun engem Stack-
Leidelenger ausgaange mee vum engem jonke Käler deen op
Leideleng abestuet gi war, an sech hei an deem Duerf direkt wuel
gefillt huet. Et war de Michel MARX-SEILER deen d' Initiativ ergraff
hat, an de Grondstee geluecht huet vun onsem Museksveräin. Zu
Leideleng sinn et zu där Zäit musekbegeeschtert Leit ginn déi sech
mat Freed dëser flotter Initiativ ugeschloss hunn. Gläichzäiteg gouf
et zu Lëtzebuerg e wirtschaftlechen Opschwong duerch
d'Eisenindustrie, an et war all Bierger méiglech där Fräizäitaktivitéit
nogoen, déi him zousot.
31