Page 35 - Brochure_finale_170418_V1
P. 35

Wa mir iwwert de Comité schwätzen da solle mer direkt op dëser
            Plaz e puer Wuert iwwert eis Presidente  verléieren. Si sinn  ganz
            kloer Personalitéiten an engem Veräin déi matentscheede  wou de
            Veräin hi steiert, wéi en sech entwéckelt a wéi et em finanziell geet.
            Ee gutt Versteesdemech ënnert dem President, sengem Comité an
            dem Dirigent ass de Schlëssel fir de Succès.

            An de Bicher gesi mer datt d'Presidenten och oft de Veraï finanziell
            gutt   ënnerstëtzt   hunn,  heiansdo  souguer   mat   méi   engem  héije
            Betrag wéi de Subside vun der Gemeng oder der Regierung.  Sécher
            war et net ëmmer einfach an deene schwierege Joren, wéi an den
            zwee Weltkricher awer och manner schwierege Joren, well do geet
            et  jo gutt a firwat soll  d'Musek ënnerstëtzt  ginn,  de Veräin ze
            féieren. Jiddweree vun hinnen hat secherlech eppes wou e sech mat
            Häerzblut dofir agesat huet. Beim éischte wor et secher fir de Veräin
            mol richteg un d'Lafen ze kréien, a déi néideg Strukturen ze schafen.
            Duerno ass sech em een eegene Proufsall staark gemaach ginn. Dat
            sozialt Veräinsliewen wor  ëmmer wichteg, an all Initativ sollt dozou
            baidroen   fir   datt   d'Musikgesellschaft   sech   och   sollt   musikalesch
            weiderentwéckelen.

            Kucke   mer   zréck   op   déi   lescht   25   Joer   da   sollt   ee     bei   dëser
            Geleeënheet   ganz   besonnesch   déi   laang   Amtszäit   vun   28   Joer
            ernimmen, wou de Victor Christophe de Veräi presidéiert huet a mat
            senger   Equipe     verschidde   wichteg   Uleiesse   vum   Veräi   konnt
            ëmsetzen. Ee   vu villen anere Schafferten an dëser Equipe war
            sécherlech de Fränz Fonck a senger Funktioun als Vizepresident a
            Sekretair.


            De Gérard Louis deen zënter 2010 als Member vum Comité aktiv
            ass,   huet   Presidentschaft   2014   iwwerholl.   All   gutt   Iddien   an
            Initiativen   aus   de   virege   Joren   si   vun   him     iwwerholl   ginn,   an
            zousätzlech ass sech staark gemaach gi fir eng   méi dynamesch
            d'Jugenaarbecht, déi der Zäit ugepasst huet misse ginn.







                                          33
   30   31   32   33   34   35   36   37   38   39   40