Page 39 - Brochure_finale_170418_V1
P. 39
Soubal d'Instrumenter do ware konnt mat Prouwen ugefaange ginn.
Fir d'Musikante weider oder iwwerhaapt um Noute liesen
auszebilden an hinnen d'Konscht vun der Musek bäizebréngen, ass
direkt dru geduecht gi fir een Dirigent ze engagéieren. Deen ass an
der Persoun vum Här Pommerelle fonnt ginn, an sou ass fläisseg
geschafft ginn hin op deen Dag vum éischten ëffentlechen Optrëtt
vun der Fanfare, an dee schéingt schonns 1893 gewiescht ze sinn,
well an de Bicher gesäit een eng «Einnahm» fir e Concert. Op der
klenger Kiermes 1894 zu Leideleng war dunn d'Feierprouf fir déi
jonk Gesellschaft, an déi gouf bestanen an den Interessi am Duerf
fir an d'Musek ze goen huet net laang op sech waarde gelooss an et
hu sech ëmmer méi jonk Musikanten an de folgende Joren an de
Veräi gemellt. Aus de Keesebicher vun 1896 geet ervir datt 22 aktiv
Memberen hire Bäitrag vun deemools 3 Frang a 12 Ct bezuelt hunn.
1905 waren et schonns 27 aktiv Musikanten an et ass permanent
biergop gaangen. Et kann ee soen datt praktesch aus all véiertem
Haus zu Leideleng, wou et zu där Zäit em 140 Stéit gi sinn, wéinstens
ee Musikant koum.
37