Page 43 - Brochure_finale_170418_V1
P. 43
och nach haut.
Et ass sech dunn iwwerluecht gi wat fir Weeër een nach kéint goe
fir Geld an Keess ze kréien, a séier ass decidéiert ginn eng
Theatersektioun an d'Liewen ze ruffen, déi fir Ouschteren,
Chrëschtdag an och bei der Kiermes hier Optrëtter hat. Theater ass
iwwer Joren opgeféiert ginn, am Ufank ass sech hei och mat
einfache Mëttele gehollef ginn an sou ass bei Tillen um Giewel (haut
Ad. Wester) eng kleng hëlze Bud opgeriicht ginn an där
d'Virstellunge konnten, wuertwiertlech, iwwert d'Bühn goen.
Souwuel Kaméidi wéi och Drama Stécker sinn am Theater opgeféiert
ginn, wat zu engem groussen Erfolleg beim Publikum bäigedroen
huet. No etleche Jore konnten d'Theateropféiereungen dann am
eegene Musekssall oder am Café Arendt ofgehale ginn. Besonnesch
Verdéngschter um Succès vum Theater huet awer secherlech den
deemolege Schoulmeeschter Jean Engler deen ab 1946 mat deem
néidege pädagogesche Geschéck als Regisseur den Akteuren dat
néidegt Kënne bäibruecht huet. Regie geféiert huet en etlech Joren
och de Roger Herman. An der Broschür vun 1993 kann een e
verschidde Stécker fannen déi opgeféiert gi sinn. No an no hunn
dunn och aner Veräiner aus dem Duerf sech dem Theaterspillen
ugeholl an et kann e soen datt Theater e feste Bestanddeel vum
kulturelle Liewe vu Leideleng gi war. Dëst war villäicht och e Grond
firwat d'Museksgesellschaft mam Theaterspillen opgehalen huet.
Un hier Theateraktivitéiten huet
d'Musek sech an de Joren 1988,
1990, 2000 an 2003 nach eemol
erënnert, a mat engem Mix aus
Musek an Theater sinn e puer
flott Owender organiséiert ginn
ënnert dem Titel « Lëschtegen
Owend». Dës Soiréeën hunn
allkéiers e grousse Succès beim
Publikum kannt a wann een d'Fotoe vun deenen Owender kuckt
kann e soen datt d'Acteure genau souvill Pleséier dobäi haten.
41