Page 48 - Brochure_finale_170418_V1
P. 48
An den Anale vun 1896 fanne mer och ee Subside fir eng
«construction d'une barraque» et ass awer net iwwerbruecht fir wat
des Konstruktioun gebraucht gi war. Mee bleiwe mer elo mol bei
dëser Thematik a behandelen de Wonsch no engem eegene Sall.
Prouwen an engem Café an och an
enger Schoul si meeschtens mat
technesche Schwieregkeete
verbonnen, well jo d'Lokalitéiten
och fir aner Zwecker benotzt ginn.
No laange Verhandlunge mat der
Gemeng ass d'Plaz niewent der
Schoul zur Verfügung gestallt ginn.
Huet et schonns un Sue gefeelt fir d'
Instrumenter ze finanzéieren, sou
war de Bau vun engem Musekssall
nach vill méi schwéier ze stemmen.
Dat Geld dat gefeelt huet gouf vum
Jacques Meyer virgestreckt an sou
konnt den Entrepreneur Henri Pickard schonns 1904 den éischte
Veräinssall bauen. Nujee et war e ganz einfache Proufsall, primitiv,
ouni Bühn. De Buedem war aus Lehm, wou einfach Holzbänken als
Sëtzplazen dropstoungen, awer et war der Musek hiert éischt
richtegt Heem, wou se dann och am Joer 1904 feierlech
ageplënnert ass. Eréischt vill méi spéit am Joer 1927 beschléisst de
Comité eng Vergréisserung vum Musekssall, an zur gläicher Zäit
d'Opriichte vun enger Bühn, an dee Beschloss ass dann och direkt
verwierklecht ginn. Esou konnt dann och vun elo un all
Theateropféierung am eegene Sall ofgehale ginn. Duerno dauert et
dann erëm 10 Joer bis de Musekssall vergréissert gëtt, an och e
Proufsall bäigebaut gëtt. An deem Proufsall war e beweegleche
Buedem installéiert ginn, deen een dunn och bei Bësch - a
Wisefester als Danzbuedem konnt gebrauchen.
46