Page 49 - Brochure_finale_170418_V1
P. 49
Aus finanzielle Grënn si just
Renovéierunge gemaach gi
wann et absolut néideg war.
Awer nom Krich, am Joer 1946
nodeems dat friemt Militär sech
am Musekssall aquartéiert hat,
huet missen eppes ënnerholl
ginn. Och wann de Veräï säin
Uleies oft der Gemeng
virgedroen huet, sollt et dach bis 1961 dauere bis d'Musek e neien
eegene Sall kritt huet. Déi béid Säite waren sech eens datt e neie
Sall misst gebaut ginn, awer och hei huet et un de finanzielle
Mëttele gehaangen. Wéi dunn 1957 d'Gemeng den Terrain vum ale
Musekssall gebraucht huet fir déi nei Schoul ze bauen, ass e
Vergläich zustane komm, wou d'Musek en Terrain beim Wäschbur
krut, an en Subside vun 200.000 Frang (5000 Euro), an d'Holz wat
gebraucht ginn ass fir de Bau koum aus der Gemeng hiere Bëscher.
Ënnert dem President Nicolas Schosseler hunn d'Museker dunn vill
Aarbecht geleescht a sech selwer mat vill Asaz e flotte Proufsall
opgeriicht. Dëse Sall konnt 1961 dunn feierlech ageweit ginn an hat
Bestand bis de Centre Culturel an der Eech stoung. Leider konnten
am dem Proufsall keng Concerte gespillt ginn. Déi goufen am Café
Arendt gespillt an no 1982 an der d'Sportshal.
Zënter 2010 prouft een also
an engem spezifeschen, der
Musek zur Verfügung gestallte
Proufsall an der Eech, an
d'Concerte kennen an engem
adaptéierten, flotten a
grousse Sall an der Eech, dee
ronn 500 Leit faasst, gespillt
ginn. Ee Sall fir deen eis
schonns etlech Veräiner aus
anere Gemenge beneit hunn.
47