Page 50 - Brochure_finale_170418_V1
P. 50
Fir eng Musek ass et néideg eng gutt Hand ze hunn déi se
musikalesch féiert. Musikanten an Dirigenten hänken enk
zesummen an nëmme wann e gutt Zesummespill an e gudde
Versteesdemech tëschent deenen Zwee besteet, fonctionéiert och
dat Musikalescht am Veräin. Et kann ee soen datt Dirigenten
niewent de Presidenten d'Féierungspositoune vun engen
Museksveräi sinn, a sou ass och direkt no der Grënnung dru
geduecht ginn een Dirigent anzestelle fir de musikalesche Kader ze
schafen an d'Musikante weider an der Konscht vum Noute liesen
auszebilden oder hinnen et souguer emol eréischt bäizebrëngen.
Och wann dëst zu där Zäit schonns vill Geld kascht huet.
An der Persoun vum Här Pommerelle ass deen éischten Dirigent
engagéiert ginn a sou konnt dunn direkt mat Prouwen ugefaange
ginn. Och wann, wéi een an der Opzielung gesäit, d'Dirigente relativ
oft gewiesselt hunn, huet dëst der musikalescher Entwécklung vum
Veräin net geschuet.
Dirigente vun der Musek vun 1893 bis haut
1893 M. Pommerelle 1897 M. Pütz
1902 M. Paulus 1913 M. Wenner
1918 M. Mayer 1926 M. Mandres
1928 M. Ackermann 1929 M Pierrard
1938 M. Durbach 1946 René Hemmer
1953 Jean Mohr 1975 Josy Langers
1989 Norbert Pegel 1989 Norbert Valmorbida
1991 Romain Geimer
48