Page 47 - Brochure_finale_170418_V1
P. 47

Am   Joer   2003   ass   dunn   awer   iwwert   eng   nei   Initiativ   vum
            deemolege Buergermeeschter Rob Roemen, dee vill gemaach huet
            fir   d'Musek   finanziell   iwwert   Sponsoring   duerch   d'Leidelenger
            Entreprisen   ze   ënnerstëtzen,     de   «Supporter   Club   vun   der
            Leidelenger   Musek»   gegrënnt   ginn.     Méi   duerzou   an   engem
            eegenen Artikel an dëser Broschür.

            Haut   steet   d'Musek   finanziell   relativ   gutt   do,   well   iwwert   déi
            sëlleche Manifestatiounen déi organiséiert ginn, déi Concerte wou
            gespillt   ginn,   iwwert   d'Gemeng   an   ons   trei   Sponsoren   de
            Joresbudget ka gedeckt ginn. Dëst fir déi néideg Instrumenter fir eis
            jonk Musikanten ze kafen oder ze leasen, an all néideg Ausgabe fir e
            gudde Fonctionnement vun eiser Musek ze garantéieren.


            Ernimme   muss   een   déi   immens   Aarbecht   déi   iwwer   Joren   eis
            Keessjeeë geleescht hunn. Hier Aufgab ass et d'Suen als «Bon père
            de famille» ze verwalten an et sou ze erméiglechen datt de Veräi
            senger Haaptaktivitéit, Musek spillen, nogoe kann.

            Déi meescht vun hinnen hunn des Aktivitéit och iwwert laang Jore
            gemaach a waren dem Veräin trei verbonnen. Aus der jëtzeger
            Equipe kann een de Keessjee, den John Engler, ervir hiewen deen
            dës   Aarbecht   mat   deem   néidege   Geschéck     schonns   säit   1984
            erleedegt.



            Hu   mer   virdrun   d'Instrumenter
            ernimmt   déi   hu   misse   selwer
            finanzéiert ginn, sou si mer elo bei
            engem   Proufsall   ukomm.   Déi
            éischt Prouwe sinn am Café Biwer
            ofgehale ginn, duerno dann   an
            der Meederchersschoul .









                                          45
   42   43   44   45   46   47   48   49   50   51   52