Page 51 - Brochure_finale_170418_V1
P. 51
1999 Josy Langers 2012 Jean-Marie Grimler
Wéi schonns geschriwwen hat d'Fanfare 1893 hiren éischte Concert
a bei der Kiermes 1894 den éischten offiziellen Optrëtt. Am Joer
1894 ass och d'Fanfare an d'Union Grand Duc Adolphe agetratt. (zu
där Zäit AVL haut UGDA), an huet sech dem Daachverband vun de
Museken zu Lëtzebuerg ugeschloss. Et ass gutt weidergeschaft ginn
a sou konnt se sech schonns de 14 Mee 1904 zu Wooltz bei engem
Festival mat net manner wéi 26 Musikante presentéieren.
1905 huet d'Fanfare sech zu Rëmeleng un engem Concours
bedeelegt an ass hei mat engem 2. Präis belount ginn. 1911 zu
Ettelbréck mat engem 3. Präis. Den 2 August 1914 huet «Fanfare de
Leudelange» op engem Museksfestival zu Wooltz gespillt, genau
deen Dag wéi déi Däitsch zu Lëtzebuerg amarschéiert sinn an den 1.
Weltkrich ugefaangen huet. Wärend dem éischte Weltkrich huet d'
Fanfare hier Aktivitéit net agestallt a sech souwuel bei de
kierchlechen a weltleche Festivitéite betätegt an et sinn eng ganz Rei
vu Concerte gespillt ginn. Leidelenger Musek hat souguer d'Éier no
1918 wärend e puer Joer bei der Schlussprëssessioun vun der Oktav
mat dobäi ze sinn.
D'Feierlechkeeten 1923 zum 30. Gebuertsdag vun der Fanfare,
deemools ënner der Féierung vum Här Mayer, waren e grousse
Succès. Dësen Anniversaire gouf fréi Moies den 23 Juli mat Schëss a
mat de Klackengelauts ageleed. Éierepuerte waren opgeriicht ginn
an Nomëttes huet de Cortège d'Ronn duerch déi gerëschte
Stroossen vu Leideleng gemaach. Et huet ee bei där Geleeënheet
gesi wéi unerkannt a beléift d'Musek am Duerf war.
49