Page 54 - Brochure_finale_170418_V1
P. 54

Awer och aner Initiativen hu sech entwéckelt. Sou sinn an de 70er
            Joren   ënnert   der   Leedung   vum   Paul   Reicher   d'«Leidelenger
            Duerfbléiser»  entstanen, an dat souwuel aus Freed un der Musek
            souwéi och fir d'Finanze vum Veräi ze verbesseren.   Duerfbléiser
            hunn eng ganz Rei Joeren existéiert, hu fir déi néideg Stëmmung op
            de   Kiemesbaler   gesuergt,   an   et   si   souguer   eege   Stécker   fir   si
            komponéeirt gi vum Josy Langers, bis déi Zäit op eemol leider op en
            Enn   gaangen   ass.   D'Fanfare   de   Leudelange   huet   reegelméisseg
            Concerten   op   der   Place   d'Armes   an   am   Parc   Merveilleux   zu
            Beetebuerg   gespillt.   An   souguer   ass   iwwert   Joren   un   der
            Iechternacher Sprangprëssessioun deelgeholl ginn.

            Awer d'Entwécklung huet net däerfe stoe bleiwen. D'Mëttele déi
            agesat gi sinn fir d'Jugend hunn der Zäit missen ugepasst ginn. Déi
            vun der Leidelenger Gemeng 1973 ageféiert Solfègecoursen huet de
            Josy Langers  iwwerholl an weiderentwéckelt, so datt déi jonk Frënn
            vun der Musek nom 1 Joer Solfège am 2te  Joer schonns mat engem
            Instrument konnte Bekanntschaft maachen. Dëst huet sécherlech
            d'Freed un der Musek gesteigert.  Och hu sech  Schüler vun him no
            den   Aféierungscoursen   an   de   Konservatoire   ageschriwwen.   Sou
            konnt iwwert des wäertvoll Aarbecht d'Fanfare  jonk an ausgebilte
            Musikanten an hier Reien ophuelen, wat zu enger Steigerung vum
            musikalesche Niveau vun der Fanfare bäigedroen huet.


            Des Aarbecht huet hir Friichte gewisen an den 80er an 90er Joren.
            Eng ganz Rei vu jonke Musikanten mat vill Talent hat een an der
            Musek dee och op sech opmierksam gemaach hunn bei Concoursen
            am   Ausland   a   bei   deene   vun   der   Kulturkommissioun   vun   der
            Gemeng   Leideleng   organiséierten   „Auditions   musicales“.  De
            musikalesche Programm ass an de Joren ëmmer méi gewuess an
            d'Musek huet sech souwuel un alle weltlechen a kierchleche Fester
            zu Leideleng bedeelegt, an nei kulturell Aktivitéiten zu Leideleng
            ageféiert ; wéi de Moullenowend, Concert Spirituel a spéider de
            Wanterconcert.







                                          52
   49   50   51   52   53   54   55   56   57   58   59