Page 58 - Brochure_finale_170418_V1
P. 58
Dës Ausflich déi zu engem gudden Zesummenhalt ënnert den
aktiven an inaktive Memberen vum Veräin bäidroen, si méi wéi
nëmmen Ausflich. Meeschtens huet een bei där Geleeënheet och
nach deen een oder anere Concert gespillt, mol offiziell a firwat net
och mol inoffiziell owes beim Swimmingpool, a fir Stëmmung
gesuergt. Keelespillen, a Fëschen um Weiher sinn aner Initiativen déi
regelméisseg a mat groussen Succès stattfannen.
D'Jugend an der Leidelenger Musek ass ëmmer grouss geschriwwe
ginn. Direkt no der Grënnung gouf een Dirigent agestallt ginn fir
sech de jonke Leit unzehuelen déi Musek spille léieren wollten. An
sou ass dat iwwer Joren ëmmer weidergaangen. D'Integratioun vu
jonke Museker an de Veräin ass ëmmer gutt gelongen.
Un d'Jugend huet de fréiere Buergermeeschter Rob Roemem
geduecht, an 2008 eng wichteg Initiativ a Punkto Jugendaarbecht
ergraff. Ennert «Vum UGDA-Ensemle instrumental zu de Leidelenger
Crecendi“.» ass beschriwwen wat dëst bedeit huet, an wéi sech des
Initiativ an de lëschte Joren weiderentwéckelt huet.
Aarbechtssëtzungen mat der Leidelenger Musekskommissioun an
der UGDA Museksschoul, Kontakter mat neie jonke Musikanten an
hiren Elteren, Workshopen, Info Owender fir d'Elteren, jee an der
Leidelenger Musek ass een vun 2014 erëm méi aktiv op d'Leit
zougaangen. Mat Erfolleg, well haut ass dësen Ensemble
d'Sprangbried fir an déi „Grouss“ Musek.
Datt d'Jugendaarbecht an der Musek sech bezuelt mëscht beweist
net nëmmen den héije Niveau vun eise Jonken am Orchester. Och
Talenter sinn iwwert déi lescht 25 Joer aus der Leidelenger Musek
erfir gaangen. Véier Musikanten déi an der Fanfare ugefaang hunn,
de Solfège an hiert Instrument am Konservatoire geléiert hunn, an
haut d'Musek zu hirem Beruff gemaach hunn sinn de Raoul
Christophe, de Max Mausen, d'Nadine Kaufmann an de François
Breger.
56