Page 53 - Brochure_finale_170418_V1
P. 53

huet, a schonns ëmmer Concerte bei Frënn an aner Lokalitéiten zu
            Lëtzebuerg   gespillt   huet,   sou   ass   dëst   lo   erweidert   ginn,   an
            zousätzlech ass sech och un Museksconcourse bedeelegt  ginn, an
            dat mat Succès. 1954 ass sech bei engem UGDA Concours een 1.
            Präis   geholl   ginn.   1961   zu   Ettelbréck,   1965   zu   Bissen,   1967   zu
            Bouneweg, ëmmer ass sech een éischte Präis geséchert ginn, wat
            mat enger Auszeechnung  belount gouf an et konnt een so a méi eng
            héich Divisioun eropklammen.

            Duerch   eng   gutt   Zesummenaarbecht   mat   anere   Leidelenger
            Veräiner, wat Verdéngschter vun den deemolege Presidente waren,
            sinn eng ganz Rei nei a flott Aktivitéiten entstanen, wéi zb. Cecile-
            Feier zesumme mat dem Gesangsveräin «Chorale St. Cecile» ze
            feieren. Et ass also musikalesch richteg gutt geschafft ginn am Veräin
            iwwert   all   déi   Joren.   An   dëst   sollt   dann   och   bei   dem   75.
            Gebuertsdag vun der Musek am Joer 1968 zum Ausdrock kommen.
            Mat engem flotten Programm iwwert eng ganz Woch vum 6 bis 14
            Juni   an   enger   flotter   Festbroschür   huet   sech   «Fanfare   de
            Leudelange» iwwert Grenze vum Duerf eraus gewissen. Mat engem
            Concert vun der Fanfare de Leudelange ënnert der Leedung vum
            Jean Mohr sin Festivitéiten ugefaange  ginn, an iwwert eng Woch hu
            lëtzebuergesch  Museken , an och de Musikverein Harmonie Osburg,
            fir musikelesch Héichpunkte gesuergt. Den Ofschloss vun der flotter
            Woch ass mat den offiziellen Evenementer agelaut ginn. Et gouf ee
            Cortège duerch Leideleng, mat etlechen Museksgesellschaften aus
            Lëtzebuerg, mat de Veräiner an de politesch Verantwortleche aus
            Leideleng,   bevir   feierlech   den   neie   Fändel   un   d'Fanfare   de
            Leudelange iwwerreecht gouf. Duerno huet Fanfare de Niedercorn
            ee Galaconcert gespillt, an ofgeschloss sinn d'Feierlechkeete gi mat
            engem flotte Bal. ( de genaue Programm an der Broschür 75 Joer)

            Wéi no 23 Joer de Jean Mohr den Dirigentestaf un sai Schwoer de
            Josy Langers ofgëtt, dee virdru schonns mol bei der Fanfare ersat
            hat, ginn nei Weeër ageschloen fir sech fir d'Ausbildung vun de
            jonke Musikanten an der Fanfare anzesetzen.






                                          51
   48   49   50   51   52   53   54   55   56   57   58