Page 57 - Brochure_finale_170418_V1
P. 57
De Josy hat ëmmer Gedold an hat een Talent fir de Musikanten och
déi méi schwiereg Passage gutt ze erklären. Nodeems de Jean-Marie
Grimler d'Leedung iwwerholl hat konnt d'Musek sech anescht
weiderentwéckelen, ass haut zäitgeméiss opgestallt an zielt an hire
Reie Musikante vun all Alter. Jonk, a manner jonk Musikante setzen
zesummen haut hannert dem Pult a ginn hirer Passioun no. De
Galaconcert an de Wanterconcert sinn e feste Bestanddeel vum
kulturelle Kalenner vu Leideleng ginn.
Gesellegkeet am Veräin ass et vun Ufank un ginn. No de Prouwen
zesumme sinn a poteren ass net déi eenzeg Aktivitéit an deem
Beräich. Am Joer 1911 ass deen éischten Ausfluch organiséiert ginn
op d'Ausstellung op Bréissel. Duerno sinn et där Ausflich e sëlleche
ginn, wann d'finanziell Situatioun et zougelooss huet. Mol waren se
hei am Land, mol iwwert Grenzen eraus no Frankräich, Holland oder
an d'Belge. Fir der nëmmen e puer ze nennen ; Stroossbuerg,
Antwerpen, Den Haag, Nice, Davos, Bellaria (Foto), Freiburg an
Ipres.
55