Page 59 - Brochure_finale_170418_V1
P. 59

Ernimme soll een awer och déi vill Musikanten déi iwwert Joren der
            Leidelenger Musek trei bliwwe sinn an dat oft schonns an 2. oder 3.
            Generatioun. An deem Zesummenhang ass opgefall datt 3 vun eisen
            aktive   Musikanten   schonns   fir   drett   bäi   engem   groussen
            Anniversaire dobäi sinn (75, 100 an 125), ee laangen Dag. Dëst sinn
            den John Engler, de Fernand Heirens, an de Roger Hintgen.

            Musikant sinn war iwwer all déi Joren net einfach. De Spaass un der
            Musek huet duerzou bäigedroen datt ee bäi de selleche Prouwen,
            Concerten, weltlechen a kulturellen Aktivitäten mat der Leidelenger
            Musek um Dill wor. Sinn an de Joren och schonns mol deen een oder
            anere Musikant aus der Musek verschwonnen, sou sinn   duerch
            Zouwanderung an d'Duerf oder iwwert Kollegen ëmmer erëm d'Reie
            hannert dem Pult gefëllt ginn.

            Zu enger bestëmmter Zäit war et net einfach well d'Prouwen op
            Samschdes geluecht goufen, an een sech huet misse fir de Sport
            oder fir d'Musek entscheeden.  Doduerch sinn natierlech e puer Leit
            verluer gaangen. Haut leien Prouwen an der Woch  an d'Fro stellt
            sech net méi.





                                          57
   54   55   56   57   58   59   60   61   62   63   64