Page 56 - Brochure_finale_170418_V1
P. 56

1997 gett aus der «Fanfare de Leudelange» eng asbl mat dem
            Numm «Leidelenger Musek», an dat wëll och aner Instrumenter
            gespillt gi si wéi dat an enger Fanfare soll sinn (Blech).
            D'Iddi vun den «Duerfbléiser» ass vum Frank Fonck rëmm opgegraff
            ginn an sou sinn d'«Leidelenger Musikussen»  2008 entstanen. Mat
            dem Frank als Dirigent an dem Myriam Heirens als Sekretär,  suergt
            eng   flott   Equipe   vun   34   Musikante,   eruechtert   d'Land   bei
            Duerffester a soss Geleeënheete fir eng flott Atmosphär. An dëst
            Joer hunn si och e klenge Gebuertsdag ze feieren, hir 10 Joer.


            1999 wéi de Romain Geimer den Taktstaf ofginn huet, war natierlech
            d'Fro wien säi Nofolger géif ginn. Duerch e glécklechen d'Zoufall
            konnt de Josy Langers sech nees bei den Unhéierunge fir den neie
            Dirigent  virstellen, an de Comité an d'Musikanten hu sech fir hien
            ausgeschwat an dem Josy seng 2 Mandatszäit huet ugefaangen.  Hat
            de   Josy   schonns   1988   e   Marsch   fir   d'Leidelenger   Musek
            komponéiert, sou huet hien sech d'Freed gemaach fir nach zwee
            Märsch   ze   komponéieren   an   dëst   fir   déi   111.   Joer   Leidelenger
            Musek   (2004)     a   fir   den   150.   Gebuertsdag   vun   der   Gemeng
            Leideleng (2006).

            Et ass musikalesch vill geschafft ginn, dëst och duerch d'Aféieren
            vun   Museksstagen,   an   d'Leidelenger   Musek   konnt   hire   Niveau
            immens     verbesseren   an   huet   bei   verschiddene   Concoursen
            excellent ofgeschnidden, souguer mat engem «prix avec distinction»
            Déi fréier Iddi vum « Lëschtegen Owend» ass erëm opgegraff ginn.
            Et   si   Museksstécker   an   Texter   (Josy   Langers   a   Pierre   Haas)
            arrangéiert   ginn   a   mat   engem   immens   groussen   Erfolleg   huet
            d'Publikum der Musek Merci gesot fir d'Soireeën an de Joren 2000
            an 2003.

            2012   huet   de   Jean-Marie   Grimler,   och   e   Militärmuseker,
            d'Successioun vum Josy Langers iwwerholl. De Josy kann sou op déi
            bis   elo   längsten   Zäit   als   Dirigent   hei   zu   Leideleng   zréckkucken,
            nämlech zesummen an deenen zwou Mandatsperioden 27 Joer.






                                          54
   51   52   53   54   55   56   57   58   59   60   61