Page 45 - Brochure_finale_170418_V1
P. 45
Mee loosse mer erëm zréck bei Thema Finanze kommen.
D'Theateropféierunge ware sécherlech eng Méiglechkeet fir d'Keess
ze fëllen, awer fir déi néideg Finanzen zesummen ze kréien datt de
Museksveräi fonctionnéiert, hunn zousätzlech Weeër misse fonnt
ginn. Dëst duerch Organiséiere vu verschiddene Baler iwwert d'Joer
oder soss Manifestatiounen, wéi Bësch- a Wisefester. An hei huet
deemools wéi haut all Musikant an och säin Ëmfeld eng Hand mat
ugepaakt fir datt des Manifestatiounen en Erfolleg gi sinn, an de
Publikum zefridde wor. Et wär net genuch Plaz hei fir se all
opzezielen, dofir fannt op de nächste Säiten Auszich aus
Zeitungsartikelen a Plakater .
Iwwert Joren hat de Veräin awer ëmmer Leit déi him gutt gesënnt
waren. Hei denke mir besonnesch un d' Buergermeeschtere vun der
Gemeng Leideleng déi villes op de Wee bruecht hunn fir datt de
Veräin haut sou do steet. Net ze vergiesen awer och all déi privat
Leit an Entreprisen déi iwwert Joren de Veräi finanziell
ënnerstëtzen. Ze ernimme gëtt et och «Section de Marche, Fanfare
de Leudelange» eng Sportsektioun déi 1975 aus der Leidelenger
Musek eraus gegrënnt gouf. (Artikel Hommage un eisen eelste
Member). Et sinn ëmmer erëm nei Iddie ginn, mat Hausbaler, Bal zu
Beetebuerg beim Lou, Bal mam Fausti, asw....
43