Page 42 - Brochure_finale_170418_V1
P. 42

Niewent  den Instrumenter an dem   Fändel  sinn  d'Uniformen e
            wichtege Bestanddeel vun enger Musek.  Kapen déi 1896 ugeschaaft
            gi waren, ware jo ganz schéin ..., jo do sollt et awer nach e bëssen
            dauere bis  déi éischt Uniform do war, an dat  bis 1933 bevir eng
            Uniform     geschneidert   ginn   ass.   Knëpp   si   bei   der   deemolege
            Renommée fir 494,30 Frang, an de Stoff op der Schläifmillen bei
            Hamm fir 2873,50 Frang kaaft ginn. Vill Geld fir déi Zäit, awer dat
            Joer virdru war ganz gutt geschafft ginn an e Boni vu 6374,90 Frang
            an der Keess erausgesprongen.


            1958 bei der Leidelenger Kiermes konnten d'Musikanten dunn nees
            an enger neier  Uniform optrieden, an déi ass am Joer 1993 bei
            Geleeënheet vun der 100. Joer Feier duerch déi häiteg Uniform
            ersat ginn. Eng Uniform déi  haut nach ëmmer moudesch passt, an
            dofir kritt se ee neie Logo , an och nei Krawate weisen op déi 125
            Joer hin.


            Finanziell ass jo ganz bescheiden ugefaange ginn, an dach gesäit een
            datt dunn zu  Leideleng an der Musek immens vill geschafft ginn ass
            fir   datt   ee   senger
            Passioun          konnt
            nokommen. An dëst  ass
            schonns   direkt   no   der
            Grënnung   ugaange   wou
            een sech Éirememberen (
            Bild      AG      1931)
            zougeluecht   huet   déi
            1903 schonns vill Geld an
            d' Keess abruecht hunn.
            Eng   wichteg   Quell   ware
            och d'Concerten, so wéi
            den     Hämmelsmarsch,
            eng   Traditioun   déi   zu
            Leideleng   ëmmer   héich
            gehale   ginn   ass,   an   dat






                                          40
   37   38   39   40   41   42   43   44   45   46   47