Page 37 - Brochure_finale_170418_V1
P. 37
1986 Victor Christophe 2014 Gérard Louis
Fir datt eng Musek fonctionnéiert gi mol ganz sécher Instrumenter
gebraucht. An hei fänke bei deem nei gegrënnte Veräin dann direkt
déi finanziell Schwieregkeeten un. Sou hunn déi jonk Museker, fir
hirer Passioun nozegoen, sech spontan bereet erkläert hier
Instrumenter selwer ze bezuelen, oder d'Sue virzestrecken. Deen
deemolege President Dominique Goerens an de Buergermeeschter
vun der Gemeng Leideleng, den Här Fischbach, hu sech awer direkt
staark agesat fir déi néideg Ënnerstëtzung vum Staat.
Op de nächste Säite sinn déi eelst Dokumenter vum Veräin ze
gesinn, geschriwwen den 28 Mee 1893 kuerz no der Grënnung. Et
handelt sech em e Bréif un d'Regierung fir den éischte Subside
unzefroe fir d'Instrumenter ze bezuelen.
Den Avis vum Buergermeeschter ass direkt dobäi geluecht ginn, an
do gesäit een datt, fir déi Zäit, et schonns ëm eng beträchtlech
Zomm Geld geet, nämlech 1500 Frang.
35