Page 34 - Brochure_finale_170418_V1
P. 34

D'Awunnerzuel   zu   Leideleng   war   an   de   leschte   Jore   gewuess,
            verschidden aner Veräiner gegrënnt ginn, wéi d'Pompjeeën an de
            Gesangsveräin   (nach   net   offiziell   mat   Statuten),   a   sou   hu   sech
            schonns   en   etlech   Leit   zesumme   fonnt   wéi   am   Mee   1893   am
            deemolege   Café   Nicolas   Biwer,   genannt   «a   Jacquen»   eng
            Grënnungsversammlung fir e Museksveräin aberuff ginn ass.

            Grënnungsmembere waren; Pierre NEYEN, Pierre LEHNERTZ, Nic
            BOUSSER, Dominique GOERENS, Nic BIWER, Jean-Nicolas CONTER,
            Aloyse CONTER, Nic SEILER, Eduard LAHYR, Jacques MEYER, Jacques
            FISCHBACH, Michel BAUER, Dominique KREMER, Jacques WIWENES,
            Jean KIRPACH an Dominique NEY.

            Bei  Geleeënheet   vun  der  Grënnungsversammlung  ass  dunn   och
            deen éischte Comité gewielt ginn: President: Dominique GOERENS,
            Vizepresident: Nic BIWER, Sekretair a Keessjee: Pierre NEYEN. De
            neie   Veräi   war   gegrënnt   a   krut   den   Numm   «   Fanfare   de
            Leudelange».


































                                          32
   29   30   31   32   33   34   35   36   37   38   39