Page 40 - Brochure_finale_170418_V1
P. 40

Leider ass et dann nom éischte Weltkrich, wou sech op eemol zwou
            verschidde politesch Richtungen «déi Rout an déi Schwaarz» zu
            Leideleng erëmfonnt hunn, zu engem Eclat koum well et verschidde
            Veräiner   duebel   gi   sinn.   An   hei   war   d'Musek   och   net   dovu
            verschount bliwwen.   Aus dem Gesangsveräin «Unioun» war eng
            zweet Musek entstanen an et ass dunn 1921 bei Geleeënheet vun
            der   Pressessioun   op   Härläïchendag   zu   Stéierunge   koum.   De
            deemolege Paschtouer den Här August Gemen, huet du vun der
            Kanzel erof gepriedegt datt et, wéi an aneren Dierfer, Brauch a Sitt
            wir,   sech   ënnert   de   Gesellschaften   ze   verstoen   an   net   ze
            rivaliséieren. Méi loosse mer mol nees e bëssen an der Geschicht
            zréck goen  an d'Joer 1896.

            E   Fändel  muss   eng   Musek   hunn,   an   dëse   Wonsch   konnt   1896
            schonns an Erfëllung goen. Dëst konnt nëmmen duerch Kollekten a
            fräiwëlleg Spende geschéien. De Fändel, a Form vun enger Raut, war
            aus   brong-roudem   Samett!   A   gëllene   Buschtawe   stoung   drop
            geschriwwen «Fanfare de Leudelange 1896 ». A bei der Aweiung
            sinn   d'Musikanten   dann   och   mat   schéine
            Kapen   vun   der   Museksgesellschaft
            opmarschéiert.



            Am Mee  1914 gouf et dunn e neie Fändel,
            an d'Feier vun der Aweiung vum Fändel ass
            um   Virowend   duerch   e   Fakelzuch   duerch
            d'Duerf  ageleet ginn.


                                                                  Fändel 1914

            Am Joer 1948  nodeems de Fändel  vun den Däitsche während dem
            Krich beschlagnahmt gi war,  awer nom Krich an engem miserabelen
            Zoustand erëmfonnt gi ass, gouf beschloss fir een neien ze kréien.
            Déi festlech Aweiung vum Fändel wor an deem selwechte Joer den
            10 September.




                                          38
   35   36   37   38   39   40   41   42   43   44   45