Page 31 - testmergebrochureV0704_2
P. 31

Am Ufank stung eng Iddi...
            Geschicht vun der Leidelenger Musek

            1893- 2018


            ..an   der   Iddeen   sinn   et   der   1893   e   ganze   Koup   op   der   Welt
            doruechter   ginn   déi   Succés   haten.   Fir   der   nemmen   e   puer   ze
            nennen;   den   Dieselmotor   ass   gelaf,   zu   New   York   ass   e
            Geschwindegkeetsrekord     mat   181   kmh   vun   enger   Lokomotiv
            opgestallt   ginn   an,     déi   3   éischt   Bänn   vum   Karl   May   sengem
            Winnetou   sinn   eraus   komm,   an   musikalesch   gekuckt   ass   de
            Münchener Philharmoneschen Orchester gegrënnt ginn.


            Ons interesséiert awer eng aner Iddi, déi eppes an deem deemols
            klengen Duerf Leideleng entstoe gelooss huet. Et ass d'Grënnung
            vun der Leidelenger Musek, engem Veräin deem seng 125 Joer mir
            feieren. Loosse mer awer e puer Joer zréck goen an der Geschicht,
            well d'Grënnung vun desem Veräin war nëmme méglech well dee
            néidege Kader bestanen huet. An dësem Fall war dat ganz kloer eng
            Gemeng, een Duerf. Ouni Duerf gëtt et nämlech keng Duerfmusek.
            Wéi dunn am Joer 1856 d Gemeng Leideleng, lassgeléist vun der
            Gemeng Riedgen, enstanen ass wor de Kader geschaf fir d'Entstoen
            vun alle méglechen lokalen Associatiounen.  An dach huet et net
            manner wéi 37 Joer gedauert bis d'Iddi stong fir eng Musek ze
            grënnen, an des Initiativ ass net emol direkt vun engem Stack-
            Leidelenger   ausgaang   mee   vum   engem   jonke   Käler   deen   op
            Leideleng abestuet gi war, an sech hei an deem Duerf direkt wuel
            gefillt huet.

            Et wor den Michel MARX-SEILER  deen d' Initiativ agraff hat, an de
            Gronsteen geluegt huet vun onsem Museksveräin. Zu Leideleng sinn
            et zu där Zäit musekbegeeschtert Leit ginn déi sech mat Freed  deser
            flotter Initiativ ugeschloss hunn. Gläichzäiteg gouf et zu Lëtzebuerg e
            wirtschaftlechen Obschwong duerch d'Eisenindustrie, an et wor all
            Bierger méglech där  Fräizäitaktivitéit nogoen, déi  him zoussot.
   26   27   28   29   30   31   32   33   34   35   36