Page 35 - testmergebrochureV0704_2
P. 35
1986 Victor Christophe 2014 Gérard Louis
Fir datt eng Musek fonktionnéiert gi mol ganz sécher Instrumenter
gebraucht. An hei fänken bei deem nei gegrënte Veräin dann direkt
déi finanziell Schwierechkeeten un. Sou hunn déi jonk Museker, fir
hierer Passioun nozegoen, sech spontan bereet erklärt hier
Instrumenter selwer ze bezuelen, oder d'Sue virzestrécken. Deen
deemolege President Dominique Goerens an de Buergermeeschter
vun der Gemeng Leideleng, den Här Fischbach, hu sech awer direkt
staark agesaat fir déi néideg Ennerstëtzung vum Staat.
Op de nächste Säiten sinn déi eelst Dokumenter vum Veräin ze
gesinn, geschriwwen den 28 Mai 1893 kuerz no der Grënnung. Et
handelt sech em e Bréif un d'Regierung fir den éischte Subside
unzefroen fir d'Instrumenter ze bezuelen.
Den Avis vum Buergermeeschter ass direkt dobai geluecht ginn, an
do gesäit een datt, fir déi Zäit, et schonns ëm eng beträchtlech
Zumm Geld geet, nämlech 1500 Frang.
(Den Text an Drockschrëft befënd sech op de lëschte Säiten)