Page 37 - testmergebrochureV0704_2
P. 37
D'instrumenter do, konnt mat Prouwen ugefaangen ginn. Fir
d'Musikante weider oder iwwerhaapt um Note liesen auszebilden
an hinnen d' Konscht vun der Musek bäizebrengen, ass direkt dru
geduecht ginn fir een Dirigent ze engagéieren. Deen ass an der
Persoun vum Här Pommerelle fond ginn, an sou ass fleisseg
geschafft ginn op deen Dag hinn vum éischten ëffentlechen Optrëtt
vun der Fanfare, an dee schéingt schonns 1893 gewiescht ze sinn,
well an de Bicher gesäit een eng «Einnahm» fir e Concert. Op der
klenger Kirmess 1894 zu Leideleng wor dunn d' Feiwerprouf fir déi
jonk Gesellschaft, an déi gouf bestanen an den Interessi am Duerf
fir an d'Musek ze goen huet net laang op sech waarde gelooss an et
hunn sech ëmmer méi jonk Musikanten an de folgenden Joren an de
Veräin gemeldt.
Aus de Keessebicher vun 1896 geet erfir datt 22 aktiv Memberen
hiere Beitrag vun deemols 3 Fang a 12 Ct bezuelt hunn. 1905 woren
et der schonns 27 an et ass steeteg biergop gaangen. Et kann ee
soen datt praktesch an all véiertem Haus zu Leideleng, wou et zu där
Zäit em 140 Haushalter gi sinn, wéinstens ee Musikant koum.