Page 42 - testmergebrochureV0704_2
P. 42

Mee   loose   mer   rëmm   zréck   bei   dat   leidlech   Thema   Finanze
            kommen.   D'Theateropféiereungen   wore   secherlech   eng
            Méglechkeet   fit   d'Keess   ze   fëllen,   awer  fir   déi   néideg  Finanzen
            zesummen   ze   kréien     datt   de   Musekverän   fonktionnéiert,   hu
            zousetlech Weeër misse fond ginn. Dëst  duerch organiséieren vun
            verschiddene Baler iwwert d'Joer oder soss Manifestatioun, wéi
            Besch- a Wisefester. An hei huet deemols wéi haut all Musikant an
            och hiet Emfeld eng Hand mat ugepaakt fir datt des Manifestiounen
            en Erfolleg gi sinn, an de Publikum zefriide wor.Et wir secherlech net
            genuch Plaz hei fir se all opzezielen, dofir fand op de nächste Saiten
            Auszich aus Zeitungsartikelen an Plakater .


            Iwwert Joren hat de Veräin awer ëmmer Leit déi himm gutt gesënnt
            waren. Hei denke mir besonnesch un d' Buergermeeschteren vun
            der Gemeng Leideleng déi villes op de Wee bruecht hunn fir datt de
            Veräin haut sou do steet.

            Net ze vergiesen awer och all déi privat Leit an Entreprisen déi
            iwwert Joren de Veräin  finanziell ennerstëtzen.  Ze ernimme gëtt et
            och     «Section   de   Marche,   Fanfare   de   Leudelange»     eng
            Sportsektioun déi  1975 aus der Leidelenger Musek eraus gegrënnt
            gouf.  (Artikel Hommage un eisen eelste Member). Et sinn emmer
            rëmm nei  Ideen ginn, mat Hausbaler, Bal zu Bettebuerg beim Lou,
            Bal mam Fausti, asw....
   37   38   39   40   41   42   43   44   45   46   47