Page 45 - testmergebrochureV0704_2
P. 45
An den Anale vun 1896 fanner mer och ee Subside fir eng
«construction d'une barraque» et ass awer net iwwerbruecht fir wat
des Konstruktioun gebraucht gi wor. Mee bleiwe mer lo mol bei
deser Thematik a behandelen de Wonsch no engem eegene Sall.
Prouwen an engem Café an och an
enger Schoul si meescthens mat
technesche Schwieregkeete
verbonnen, well jo d'Lokalitéiten och
fir aner Zwecker benotzt ginn. No
laange Verhandlunge mat der Gemeng
ass d'Plaz niewend der Schoul zur
Verfügung gestallt ginn. Huet et
schonns un Suen gefeelt fir d'
Instrumenter ze finanzéieren, sou wor
de Bau vun engem Museksall nach vill
méi schwéier ze stemmen. Dat Geld
dat gefeelt huet gouf vum Jacques
Meyer virgestreckt an sou konnt den Entrepreneur Henri Pickard
schonns 1904 den éischte Veräinssall bauen. Nojee et wor e ganz
einfache Prouwsall, primitiv, ouni Bühn. De Buedem wor aus Lehm,
wou einfach Holzbänken als Sëtzplazen dropstungen, awer et wor
der Musek hiert éischt richtegt Heem, wou dann och am Joer 1904
d'Fanfare de Leudelange feierlech angeplënnert ass. Eréisch vill méi
spéit am Joer 1927 beschléist de Comité eng Vergréisserung vum
Musekssall, an zur gläicher Zäit d'Obriichte vun enger Bühn, an dee
Beschloss ass dann och direkt verwiirklecht ginn. Esou konnt dann
och vun elo un all Theatheropféierung anm eegene Sall ofgehale
ginn. Duerno dauert et dann rëmm 10 Joer bis de Musekssall
vergréissert gëtt, an och e Prouwesall dobäigebaut gëtt.An deem
Prouwsall wor e bewegleche Buedem installéiert ginn, deen een
dunn och bei Wald- a Wissefester als Danzbuedem konnt
gebrauchen.