Page 41 - testmergebrochureV0704_2
P. 41
Souwuel Kaméidi wéi och Dramatesch Stécker sinn am Theater
opgeféiert ginn, wat zu engem groussen Erfolleg beim Publikum
baigedroen huet. No etleche Joren konnten
d'Theateropféiereungen dann am eegene Musekssall oder am Café
Arendt ofgehaale ginn. Besonnesch Verdengschter um
Theaterwirken hunn awer secherlech den deemolege
Schoulmeeschter Jean Engler deen ab 1946 mat deem néidege
pädagogesche Geschéck als Regisseur , den Akteuren dat néidegt
Kënne baibruecht huet. Regie geféiert huet en etlech Joren och de
Roger Herman. An der Broschür vun 1993 kann een e selleche
Stécker fannen déi opgeféiert gi sinn.
No an no hunn dunn och aner
Verëiner aus dem Duerf sech
dem Theaterspillen ugeholl an
et kann e soen datt Theater e
feste Bestanddeel vum
kulturelle Liewen vu Leideleng
ginn wor. Dëst war villaicht och
e Grond firwat
d'Museksgesellschaft mam
Theaterspillen opgehalen huet.
Un hier Theateraktivitéiten huet
d'Musek sech an de Joren 1990,
2000 an 2003 nach eemol
errënnert, a mat engem Mix aus
Musek an Theater si e puer flott
Owender organiséiert ginn
ënnert dem Titel « Leschtegen
Owend». Dess Soiréeën haten
allkéiers e grousse Succès beim
Publikum an wann een d'Fotoen
vun deenen Owender gesait kann e soen datt d'Akteure genau
souvill Pläséier dobai erfuer hunn.