Page 38 - testmergebrochureV0704_2
P. 38

Leider ass et dann nom éischte Weltkrich, wou sech op eemol zwou
            verschidde politesch Richtungen «dee Rout an déi Schwaarz» zu
            Leideleng   erëmmfond   hunn,   zu   engem   Eklat   koum   well   et
            verschidde Veräiner duebel gi sinn. An hei wor d'Musek och net
            dovu verschount bliwwen.  Aus dem Gesangsveraïn «Unioun» wor
            eng zweet Musek entstaanen an et ass dunn 1921 bei Geleeënheet
            vun der Häerläïche Pressessioun zu Stéierunge koum. De deemolege
            Paschtouer den Här August Gemen, huet du vun der Kanzel rof
            gepriedegt datt et, wéi an aaneren Diefer, Brauch a Sitt fir sech
            ënnert de Gesellschaften ze verstoen an net ze rivaliséieren. Méi
            loose mer mol nees e bessen an der Geschicht zréck goen  an d Joer
            1896.

            E   Fändel  muss   eng   Musek   hunn,   an   dese   Wonsch   konnt   1896
            schonns an Erfëllung goen. Dëst konnt nëmme duerch Kollekten a
            fräiwelleg Spenden geschéien. Hie wor dräieckeg an aus brong-
            roudem Samett! A gëllene Buschstawen stung drop geschriwwen
            «Fanfare   de   Leudelange   1896   »   A   bei   der   der   Aweiung   sinn
            d'Musikanten   dann   och   mat     fonkelneien
            Uniformskapen opmarschéiert.

            Am Mee  1914 gouf et dunn e neie Fändel,
            an d' Feier vun der Aweiung vum Fändel ass
            um   Virowend   duerch   e   Fakelzuch   duerch
            d'Duerf  ageleet ginn.





                                                                  Fändel 1914
            Am Joer 1948  nodeems de Fändel  vun den Däitsche während dem
            Krich beschlagnahmt gi war, awer  no Krich an engem miserabelen
            Zoustand rëmmfond gi ass, gouf beschloss fir een neien ze kréien.
            Déi festlech Aweihung vum Fändel wor an deem selwechte Joer den
            10 September.
   33   34   35   36   37   38   39   40   41   42   43