Page 40 - testmergebrochureV0704_2
P. 40
Niewend den Instrumenter an dem Fändel sin d'Uniforme e
wichtege Bestanddeel vun enger Musek. Kapen déi 1896 ugeschaaft
gi woren, ware jo ganz schéin awer..., jo do sollt et awer nach e
bëssen daueren bis déi éischt Uniform do waren. Et huet gedauert
bis 1933 befir eng Unfform geschneidert ginn ass. Knëpp si bei der
deemolege Renommée fir 494,30 Frang, an de Stoff op der
Schleifmillen bei Hamm fir 2873,50 Frang kaaft ginn. Vill Geld fir déi
Zäit, awer dat Joer virdru wor ganz gutt geschafft gin an e Boni vu
6374,90 Frang an der Keess erausgespongen.
1958 bei der Leidelenger Kirmes konnten d Musikanten an enger
neier Uniform optrieden, an déi ass am Joer 1993 bei Geleeënheet
vun der 100 Joerfeier duerch déi heiteg Uniform ersat ginn. Eng
Uniform déi nach haut nach ëmmer modesch passt., an dofir gëtt se
mat engem neie Logo besteckt, a nei Kravaten weisen op déi 125
Joer hinn.
Finanziell ass jo ganz bescheidenen ugefaange ginn, an dach gesäit
een datt dunn zu Leideleng an der Musek immens vill geschaft ginn
ass fir datt een senger Passioun konnt nokommen.
An dëst ass schonns direkt no der Grënnung ugaangen wou een sech
Eirememberen zougeluegt huet déi 1903 schons vill Geld an d' Keess
bruecht hunn. Eng wichteg Quell ware och d'Concerten, an den
Hämmelsmarch, eng Traditioun déi zu Leideleng emmer héich
gehale ginn ass, an dat och nach haut. Et ass sech iwwerluegt ginn
wat fir Weeër een nach kéint goen fir Geld an Keess ze kréien, a
séier ass décidéiert ginn eng Theatersektioun an d' Liewen ze rufen,
déi fir Ouschteren, Chrëschtdag an och bei der Kirmes hier
Optrëtter hat. Theater ass iwwer Joren opgeféiert ginn, am Ufank
ass sech hei och mat einfache Mëttele gehollef ginn an sou ass bei
Tillen um Giewel ( haut Ad. Wester) eng kleng hëlze Bud opgeriicht
ginn an där d'Virstellunge konnten, wuertwirtlech, iwwert d'Bühn
goen.