Page 44 - testmergebrochureV0704_2
P. 44

Am   Joer   2003   ass   dunn   awer   iwwert   eng   nei   Initiativ   vum
            deemolege Buergermeeschter Rob Roemen, dee vill gemach huet fir
            d'Musek   finanziel   iwwert   Sponsoring   duerch   d'Leidelenger
            Entreprisen   ze   ënnerstëtzen,     de   «Supporter   Club   vun   der
            Leidelenger   Musek»   gegrënnt   ginn.     Méi   duerzou   an   engem
            eegenen Artikel an dëser Broschür.

            Haut steet d'Musek finanziel relativ gutt do, well iwwert déi sellëche
            Manifestatiounen déi organiséiert ginn, déi Concerte wou gespillt
            ginn, iwwert d'Gemeng an ons trei Sponsore de Joresbudget ka
            gedeckt ginn. Dëst fir déi néideg Instrumenter fir eis jonk Museker
            ze   kafen   oder   ze   leasen   an   all   néideg   Ausgaben   fir   e   gudde
            Fonktionnement vun eiser Musek ze garantéieren.


            Ernimme   muss   een   déi   immens   Aarbecht   déi   wwert   Joren   eis
            Keessieeën geleecht hun a leeschten. Hier Aufgab ass et d'Suen als
            «Bon père de famille» ze verwalten an et sou ze erméglechen datt
            de Veräin senger Haaptaktivität  nogoen kann.

            Déi meescht vun hinnen hun des Aktivität och iwwert laang Jore
            gemaach a woren dem Veräin trei verbonnen. Aus der jëtzeger
            Equipe sollt een awer och emol de Keessier, den John Engler, erfir
            hiewen deen dess Aarbecht mat deem néidegen Geschéck  schonns
            säit 1984 erleedegt.



            Hu   mer   virdrun   d'Instrumenter
            ernimmt   déi   hu   misse   selwer
            finanzéiert   ginn,   sou   si   mer   elo   bei
            engem Prouwesall ukomm. Déi éischt
            Prouwe ginn am Café Biwer ofgehal an
            duerno   ginn   d'Prouwen   an
            Meederchersschoul verluecht.
   39   40   41   42   43   44   45   46   47   48   49