Page 47 - testmergebrochureV0704_2
P. 47

Presidente, Instrumenter, Fändel, Finanzen, a Lokaler hu mer lo
            behandelt, awer fir eng Musek ass et néideg eng gutt Hand ze hunn
            déi se  musikalesch  féiert.


            Musikanten an Dirigente hänken enk zesummen, an nëmmen wann
            et e gutt Zesummespill an e gudde Versteesdemech zweschend
            béide gëtt fonktionéiert dat Musikalescht am Veräin. Et kann ee
            soen datt   Dirigente niewend de Presidente d'Féierungspersoune
            vun engen Museksveräin sinn, a sou ass och direkt no der Grënnung
            dru   geduecht  ginn  een   Dirigent  anzestellen   fir   de  musikalesche
            Kader ze schafen an d' Museker  weider um Noteliesen auszebilden
            oder hinne et souguer emol rischt baizebrëngen.  Och wann dëst zu
            Där Zäit schonns vill Geld kascht huet.


            An der Persoun vum Här Pommerelle ass deen éischten Dirigent
            engagéiert ginn asou konnt dunn direkt mat prouwen ugefang ginn.
            Och wann, wéi een an der Opzielung gesait, d'Dirigente  relativ oft
            gewieselt hunn, huet dëst der musikalescher Entwéckelung vum
            Veräin net geschuet.





            Dirigente vun der Musik
            vun 1893 bis haut

            1893   M. Pommerelle
            1897   M. Pütz
            1902   M. Paulus
            1913   M. Wenner
            1918   M. Mayer
            1926   M. Mandres
            1928   M. Ackermann
            1929   M Pierrard
            1938   M. Durbach
            1946   René Hemmer
   42   43   44   45   46   47   48   49   50   51   52