Page 51 - testmergebrochureV0704_2
P. 51

Et ass also musikalesch richteg gutt geschafft ginn am Veräin iwwert
            all déi Joren. An dëst sollt dann och bei dem 75. Gebuertsdag vun
            der Musek am Joer 1968 zum Ausdrock kommen. Mat engem flotten
            Programm iwwert eng ganz Woch vum 6 bis 14 Juni an enger flotter
            Festbrochür   huet   sech   «Fanfare   de   Leudelange»   iwwert   seng
            Duerfgrenzen eraus gewissen. Mat engem Concert vun der Fanfare
            de Leudelange ënnert der Leedung vum Jean Mohr ass d'Festwoch
            ugefaange  ginn, an iwwert eng Woch hu lëtzebuergesch  Museken ,
            an   och   de   Musikverein   Harmonie   Osburg,   fir     musikeleschen
            Héichpunkte gesuergt. Den Ofschloss vun der Festwoch ass mat den
            offizielle Evenementer agelaut ginn. E   Cortège duerch Leideleng,
            mat selleche Museksgesellschaften aus Lëtzebuerg,  mat de Veräiner
            an de politesch Verantworleche aus Leideleng, befir feielech den
            neie Fändle un d' Fanfare de Leudelange iwwerreecht gouf, muss hei
            ernimmt ginn. Duerno huet Fanfare de Niedercorn e Galaconcert
            gespillt, an ofgeschloss sin d'Feierlechkeete ginn mat negem flotte
            Bal. ( de genaue Programm an der Brochür 75 Joer)

            Wéi no 23 Joer Schaffes den Jean Mohr den Dirigentestaf un sai
            Schwoer de Josy Langers ofgëtt, deen virdru schonns mol bei der
            Fanfare ersat hat, ginn nei Weeër getrëppelt fir sech fir d'Ausbildung
            vun jonke Museker an der Fanfare anzesetzen.


            Awer och aner Inititaitiven hunn sech entwéckelt. Sou sinn an de 70
            Joren   ënnert   der   Leedung   vum   Paul   Reicher   och   «Leidelenger
            Duerfbléiser»   entstan, an dat souwuel aus Freed un der Musek
            souwéi   och   fir   d'Finanzen   vum   Veräin   ze   verbesseren,   an   dëst
            iwwert e sellëchen Aktivitäten am Duerf an ausserhalb.  Duerfbléiser
            hunn eng ganz Rei Joeren existéiert, hu fir déi néideg Stëmmung op
            de Kiremesbaler gesuergt, an et sinn souguer eege Stécker fir si
            komponéeirt ginn vum Josy Langers, bis déi Zäit e beemol op en Enn
            ganngen ass. D'Fanfare de Leudelange huet regelméisseg Concerten
            op der Place d'Armes an an Parc Merveilleux zu Bettebuerg gespillt.
            An souguer ass iwwert Joren un der Iechternacher Sprangpressioun
            deelgeholl ginn.
   46   47   48   49   50   51   52   53   54   55   56