Page 56 - testmergebrochureV0704_2
P. 56

Jugend  an der Leidelenger Musek ass ëmmer grouss geschriwwe
            ginn.   Direkt no der Grënnung gouf een Dirigent agestallt ginn fir
            sech de jonke Leit unzehuel déi Musek wollte spille léieren. An sou
            ass dat iwwer Joren ëmmer weidergaang . D'Integratioun vu jonke
            Museker an de Veräin ass ëmmer gutt gelongen.

            Un   d'Jugend   huet   de   fréiere   Bourgermeeschter   Rob   Roemem
            geduecht, an 2008 eng wichteg Initiativ a Punkto Jugendaarbescht
            am Verain ergraff. Ennert «Vum UGDA-Ensemle instrumental zu de
            „Crecendi“.» ass beschriwwen wat dëst bedeit huet, an wéi an  de
            leschte Joren des Initiativ weiderentwéckelt ginn ass.

            Aarbeschtssetzungen mat der Leidelenger Musekkommissioun an
            der UGDA Musekschoul, Kontakter mat neie jonke Musiker an hiren
            Elteren,   Worshopen,   Info   Owender   fir   d'Elteren,   jee   an   der
            Leidelenger Musek ass een vun 2014 remm méi aktiv op d'Leit
            zougaang.

            Mat Erfolleg, well haut ass dësen Ensemble  d'Sprongbried fir an déi
            „Grouss“ Musek. Bei de „Leidelenger Crescendi „sëtzen haut eng  30
            jonk Musiker hannert dem Pult. An et gi schonns en puer Jonker déi
            de Wéi an d'Leidelenger Musek  gepackt hunn.


            Datt d'Jugendaarbescht sech bezuelt mischt beweist net nëmmen
            den héije Niveau vun eise Jonken am Orchester. Och Talenter sinn
            iwwert déi lescht 25 Joer aus der Leidelenger Musek erfir gaangen.

            Ze ernimmen sinn 4 Musiker an der Fanfare ugefaang hunn an de
            Konservatoire zu Lëtzebuerg gemaach hunn an aus der Musek hire
            Beruff gemaach hunn.  De Raoul Christophe, Militär Museker, Chef
            vun Opus 78, asw..., a fantasteschen Tropetist, deen haut nach an
            der Leidelenger Musek spillt. D'Nadine Kaufmann wat Saxophon
            spilt an sech haut op de Bühnen am Land präsentéiert fir de Kanner
            musikalesch Märecrcher ze erzielen. Den Francois Breger deen an
            der Réidener Musekschoul als Chargé de Cours schafft. Souguer an
   51   52   53   54   55   56   57   58   59   60   61