Page 57 - testmergebrochureV0704_2
P. 57

d'Ausland huet et Leit verschloen an hei schwätze mer vum Max
            Mausen deen op der Klarinett e Meeschter ass, seng Etuden an
            England op der d Guildhaal School of Music an d''Drama zu London
            gemaach   huet   an   haut,   an   haut   souwuel   ee   Solo   wéi   eng
            Orchesterspiller ass.

            Zu ernimme sinn awer och e ganze Koup Musikanten déi iwwert
            Joren der Leidelenger Musek trei bliwwe sinn. Oft schonns an 2.
            oder 3. Generatioun. An deem Zesummenhang ass opgefall datt 3
            vun eisen aktive Musikanten schonns 3 mol bäi Anniversairen dobäi
            woren. (75, 100 an 125)



            Dëst sinn den John Engler, de Fernand Heirens, an de Roger Hintgen.
            Awer och schonns 68 sinn et e puer jonk Musikante ginn déi net an
            der Broschür stongen, nach net aktiv an der „Grousser Musek“
            woren,  awer déizäit  aktiv an de Solfègecoursen waren.



            Musikant sinn war iwwert all déi Joren net einfach. De Spaass un der
            Musek huet awer duerzou bäigedroen datt een bäi de selleche
            Prouwen, Concerten, weltlechen a kulturellen Aktivitäten mat der
            Leidelenger Musek um Dill wor.


            Sinn an de Joren och schonns mol deen een oder anere Musikant
            aus der Musek verschwonnen, sou sinn  duerch Zouwanderung an
            d'Duerf oder iwwert Kollegen ëmmer rëmm d'Reie hannert dem Pult
            gefellt ginn.


            Zu enger bestëmmter Zäit wor et net einfach well d'Prouwen op
            Samschdes geluegt goufen, an een sech huet misse fir de Sport oder
            fir d'Musek entscheeden.   Doduerch sinn natierlech e puer Leit
            verluer gaangen. Haut leien Prouwen an der Woch  an d'Fro stellt
            sech net méi.
   52   53   54   55   56   57   58   59   60   61   62