Page 53 - testmergebrochureV0704_2
P. 53
Vun 1989 bis 1999 woren als Dirigenten déi Hären Norbert Pegel,
Norbert Valmorbida an Romain Geimer an der musekalescher
Verantwortung. Ennert dem Romain Geimer sin dann och d'
Festlechkeeten vum 100 Anniversaire vun der Fanfare 1993 iwwert
d'Buehn gaangen.
D'Festivitäten déi sech iwwer Mee, Juni a July 1993 ersteckt hunn
haten e grousse Succès. Déi enorme Vielfalt vum Programm, de neie
Fändel, an déi nei Unniformen hu mat duerzou baigedroen. Den
Héichpunkt wor den 11 July 1993 mat der Aweihung vum neie
Fändel, dem Cortège, deen a Steereform an duerf koum, an dem
Ofschloss Concert vun der Harmonie Munipale de Luxembourg –
Eich.
Sou eng Feier brengt emmer nees nei Motivatioun an e Veräin an
sou ass sech net ausgerout ginn mee no vir gekuckt. Nei Aktivitäten
sinn dobai koum wéi z.b. den Emzuch vum Kleeschen an der Stad,
Äppelfest, Playbackshows, Fréijoersconcert a Kirmesconcert.
1997 gett aus der «Fanfare de Leuelange» eng asbl mat dem Numm
«Leidelenger Musek». De Grond ass datt ëmmer manner Blech
gespilt ginn ass. D'Iddi vun den «Duerfléiser» ass vum Frank Fonck
rëmm opgegraff ginn an sou sin «Leidelenger Musikussen» rëmm
2008 entstan, déi mat hierem Chef dem Frank an dem Myriam
Heirens als Chef adjoint an als Sekrétair eng flott Equipe vun 34
Musikante féieren, déi eruechtert d' Land an zu Leideleng bei
Duerffester a soss Geleeënheete fir eng flott Atmosphair suergen.
1999 wéi de Romain Geimer den Taktstaf ofginn guet, wor natierlech
d'Fro ween sai Nofolger géif ginn. Duerch e glécklechen d'Zoufall
konnt de Josy langers sech nees bei den Unhéierunge fir deen neie
Dirigent virstellen, an de Comité an d'Museker hunn sech fir hien
ausgeschwat an dem Josy seng 2 Manadtszäit huet ugefang.