Page 49 - testmergebrochureV0704_2
P. 49

Den   2   August   1914   huet   «Fanfare   de   Leudelange»   op   engem
            Museksfestival zu Wooltz gespillt, op deem Dag wéi déi Däisch zu
            Lëtzebuerg amarschéiert sinn an den 1. Weltkrich ugefaangen huet.
            Während dem éischte Weltkrich huet d' Fanfare hier Aktivität net
            agestallt a sech souwuel bei de kiirckleche a weltlëche Festivitéite
            betätegt   an   et   sinn   eng   ganz   Rei   vu   Concerte   gespillt   ginn.
            Leidelenger Musek hat souguer d' Eier no 1918 während e puer Joer
            bei der Schlussprozessioun vun der Oktav mat dobai ze sinn.


            D'Feierlechkeeten   1923   zum   30.   Gebuertsdag   vun   der   Fanfare,
            deemols ënner der Féiereung vum Här
            Mayer, woren  e grousse Succès. Dësen
            Anniversaire   gouf   fréi   Moies   den   23
            July   mat   Böllerschëss   a   Kackegelauts
            ageleed. Eierepuerte woren opgeriicht
            ginn   an   Nomëttes   huet   de   Cortege
            d'Ronn duerch déi gerëscht Stroossen
            vu Leideleng gemaach. Et huet een bei
            där Geleeënheet gesinn wéi unerkannt
            a beléiwt d'Musek am Duerf wor.
            Iwwert      Joren      wor      den




                                      Aktivitätskalenner vun der Musek gutt
                                      gefëllt
                                      a sou kann een hei erfir hiewen datt d
                                      Musek sech natiirlech bedeelegt huet
                                      zu   de   Festivitäten   vun   der   grousser
                                      Onofhängegkeetsfeier           1939
                                      (Centenaire);   et   ass   e   grousse
                                      Galaconcert gespillt ginn an et wor ee
                                      mat dobai beim historesche Cortège fir
                                      d'Feierlechkeeten.
   44   45   46   47   48   49   50   51   52   53   54