Page 46 - testmergebrochureV0704_2
P. 46

Aus   finanzielle   Grënn   si   just
            renovéierungen gemaach ginn wann et
            absolut néideg wor. Awer nom Krich,
            am   Joer   1946   nodeems   dat   friemd
            Militär sech am Musekssalll aquatéiert
            hat, huet missen eppes ennerholl ginn.
            Och wann de Veraïn säin Uleies oft der
            Gemeng virgedroen huet, sollt et dach
            bis 1961 daueren bis d'Musek e neie n
            eegene Sall sollt kréien.  Déi beid Saite
            woren sech eenz datt e neie Sall misst
            gebaut ginn, awer och hei huet  et un
            de finanzielle Mëttele gehaangen. Wéi dunn 1957 d'Gemeng den
            Terrain vum ale Musekssall gebraucht huet fir déi nei Schoul ze
            bauen, ass e Verglaich zustaane komm, wou d'Musek en Terrain
            beim Wäschbour krut, an en Subside vun 200.000 Frang ( 5000 Euro)
            an   d'Holz   wat   gebraucht   ginn   ass   fir   de   Bau   koum   as   de
            Gemengebëscher. Ënnert dem President Nicolas Schosseler hunn
            d'Museker   dunn   an   Eegenaarbecht   sech   e   flotte   Prouwsall
            opgericht. Dese Sall konnt 1961 dunn feierlech ageweiht ginn an hat
            bestand bis de Centre Culturel an der Eech stong.Leider konnten am
            dem Prouwsall keng Concerte gespillt ginn. Dës sinn meeschten an
            der Sportshal iwwert d'Bühn gaangen.


                                      Haut   prouwt   enn   also   an   engem
                                      spetifeschen, der Musek zur Verfügung
                                      gestallte Gemengesall an der Eech, an
                                      d'Concerte   kennen   an   engem
                                      adaptéierten, flotten a grousse Sall an
                                      der   Eech,   deen   ronn   500   Leit   faasst,
                                      gespillt ginn.E Sall fir deen eis schonns
                                      etlech   Veräiner   aus   anere   gemenge
                                      beneid hunn.
   41   42   43   44   45   46   47   48   49   50   51