Page 50 - testmergebrochureV0704_2
P. 50
Awer kuerz no der'Onofhängegkeetsfeier, ass onst d Land 1940 am
Mee vun enger friemer Herrschaft iwwerfall ginn, an hei ass d'
Fanfare och net dovu verschont ginn . Sou ass huet beschloss ginn,
nodeems de Fändel beschlagnahmt gi wor, a nom Verbuet vun alle
net vum Okkupant genehmegten Organisatiounen, d' Aktivitäten
anzestellen.
No der Liberalisatioun am September ass d'Veräinsliewen erëm
opgeholl ginn, d'Instrumentere woren zwar an engem miserabelen
Zoustand, an de Fändel deen zu Lëtzebuerg ëremfond gi wor wor ass
1948 duerch een neien ersat ginn.
1946 hat den René Hemmer d'Leedung vun der Musek iwwerholl,
mat dem Zil de musikalesch Weiderentweekelung vun der Fanfare,
no de Krichsjoren ouni Aktivität, ze fërderen. Hie war
Militärmuseker, a wa mer sou zreckkucken haten mer zu Leideleng e
ganze Koup Militärmuseker als Dirigente, och haut. Mat hierem
Kënnen hu si de Veräin musikalesch op e ganz heije Niveau bruecht.
An de 50. Joren hunn d'Aktivitéiten vum Veräin nees eng richtegen
Opschwong kritt. Och wann een an all de Jore no der Grënnung net
nëmmen zu Leideleng fir dat musekalescht Encadrement gesuergt
huet, a schonns ëmmer Concerten bei Frënn an anner Lokalitéiten
zu Lëtzebuerg gespillt huet, sou ass dët lo erweidert ginn, an
zousetzlech ass sech och un Museksconcoursen bedeelegt ginn, an
dat mat Succès. 1954 ass sech bei engem UGDA concours een 1.
Präis erspillt gin. 1961 zu Ettelbréck, 1965 zu Bissen, 1967 zu
Bonneweg, ëmmer ass sech een éischte Präis erspillt ginn, wat mat
enger Auszeechnung an engem Opstieg an eng méi héich Divisioun
belount gouf.
Duerch eng gutt Zesummenaarbecht mat anere Leidelenger
Veräiner, wat Verdengschter vun den deemolege Presidente waren,
sinn eng ganz Rei nei a flott Aktivitäten entstaanen, wéi zb.
Cecilefeier mat dem Gesangsveräin «Chorale St. Cecile» ze feieren.