Page 55 - testmergebrochureV0704_2
P. 55
2012 huet de Jean-Marie Grimler, och e Militärmuseker,
d'Successioun vum Josy Langers iwwerholl. De Josy kann sou op déi
bis elo längsten Zäit als Dirigent hei zu Leideleng zréckkucken,
nämlech zesummen an deenen zwou Mandadsperioden 27 Joer.
Eppes wat dem Josy nogesot gëtt ass dat hien Gedold hat mat de
Musikanten an och ganz gutt erkläre konnt. Noddems de Jean-
Marie Grimler d'Leedung iwwerholl hat konnt d' Musek sech
annescht weiderentwéckelen, ass haut zäitgemees opgestallt an
huet an hiere Reien Musikante vun all Alter. Jonk, a manner jonk
Musikante setzen zesummen haut hannert dem Pult a ginn hierer
Passioun no. De Galaconcert', an de Wanterconcert sinn e feste
Bestanddeeler vum kulturelle Kalenner vu Leideleng ginn.
Gesellelegkeet am Veräin ass et vun Ufank un ginn. No de Prouwen
zesumme sinn an poteren ass net déi eenzeg Aktivitéit an deem
Beraich. Am Joer 1911 ass deen éischten Ausfluch organiséiert ginn
op d'Austellung op Bréissel. Duerno sinn et där Ausflich e sellëche
ginn, wann d'finanziell Situation et zougelooss huet. Mol woren se
hei am Land, mol iwwert Grenzen eraus no Frankraich, Holland oder
an d'Belge. Stroosbuerg, Antwerpen, Den Haag, Nice vun 1946 bis
1953 fir e puer Beispiller ze nennen. Vun den 70 Joren un bis haut
bleiwen a besonnescher Erënnerung d'Ausflich op Davos, Bellaria an
Antwerpen. Eng wertvoll Initiativ déi secher nach an de nächste Jore
weidergefouert gëtt.
Des Ausflich déi zu engem gudden Zesummenhalt ënnert den
aktiven an inaktive Memberen vum Verain bedroen, sollte méi sinn
wéi nëmmem Ausflich. Meeschtens huet een bei där Geleeënheet
och nach deen een oder anere Concert gespillt, mol offiziell a virwat
net och mol onoffiziell owes beim Swimmingpool, a fir Stëmmung
gesuergt. Keelespillen ass ee gaangen, a Feschen um Weiher ass eng
Initiativ déi regelméisseg a mat groussen Succès stattfënd.