Page 58 - testmergebrochureV0704_2
P. 58
Sécherlech kennt een nach vill iwwert d'Leidelenger Musek
schreiwen. Et ass eng Success Story. Sollt hei deen een oder anere
sech net eremfond hunn dann sécher nëmme well mer net genuch
Plaz hunn fir alles ze schreiwen. All déi Erfarung déi an deenen
vergaangenen 125 Joer gesammelt konnt ginn, ass vun den aktive
Memberen, vun den Dirigenten a vum Comité weidergedriwwe ginn
an d' Leidelenger Musek huet sech der Zäit ugepasst an ass haut
zäitgeméiss opgestallt.
Jonk an manner Jonk Museker, Fraen a Männer stinn haut fir
Traditioun, Zesummenhalt, Frëndschaft a Freed un der Musek. Eng
schéi Geschicht déi schonns 125 Joer undauert an an déi nächst
Etape geet.
Nulla vita sine musica.
Guy Grosber